Eagles, Queen, Snow Patrol - 7.5.12

Leschten Update: 27.04.2012, 16:03:48

Queen

D’Eagles goungen haut viru 35 Joer op Plaz 1 an Amerika, mat „Hotel California“. Et war hire 4.Nummer 1 Hit an Amerika – d’Lidd, dat zum „Siganture Song“ vun den Eagles gouf, sollt spéider och mat engem Grammy ausgezeechent ginn.

 

An enger Emfro, wéi eng die beléifteste Single vun allen Zäiten an England ass, gouf „Bohemian Rhapsody“ vu Queen haut virun 10 Joer op Plaz 1 gewiëlt. „Imagine“ vum John Lennon koum op Plaz 2, op d‘3 war „Hey Jude“ vun de Beatles gewiëlt ginn.

 

Mat hirem 4.Album „Eyes Open“ gounge Snow Patrol haut viru 6 Joer op Plaz 1 an England. Weltwäit sollt e sech gudd 5 Millioune mol verkaafen. Op deem Album si sou bekannte Lidder wéi “You’re all I have”, „Shut your Eyes“ an „Chasing Cars“.