Aerosmith, Ricky Martin, Birthdays - 8.5.12

Leschten Update: 14.05.2012, 08:16:39

Ricky Martin

Den Aerosmith Album “Get a Grip” ass haut viru 19 Joer vu 0 op 1 gaang an de Billboard Charts. D’Scheiw sollt sech weltwäit méi wéi 20 Millioune mol verkaafen, a war mat 2 Grammyen ausgezeechent ginn. Bekannteste Singleauskopplunge ware „Cryin‘“, „Crazy“, „Amazing“ a „Livin‘ on the Edge“.

 

De Ricky Martin goung haut virun 13 Joer fir 5 Wochen op Plaz 1 an Amerika, mat “Livin’ la Vida loca”. Duerch dem Puertorikaner säi Succès war d’Dier opgaang fir weider Latino-Stare wéi Jennifer Lopez, Enrique Iglesias, oder spéider och Shakira.

 

De Philip Bailey huet haut Gebuertsdag – de Sänger vun Earth Wind & Fire, an Duettpartner vum Phil Collins, gëtt 62 Joer aal. An den Darren Hayes, Deel vum australesche Poprock-Duo Savage Garden, a spéider och Soloartist, feiert haut seng 40 - happy Birthday deenen 2!