Supertramp, Starship, All Saints - 9.5.12

Leschten Update: 08.05.2012, 15:35:30

All Saints

Haut virun 32 Joer sinn zu London d’Ivor Novello Awards verliehe ginn – dee nierft de Brit Awards wichtegste Musékspräiss an England. „I don’t like Mondays“ vun de Boomtown Rats war mat 2 Präisser ausgezeechent ginn, grad sou wéi de „Logical Song“ vu Supertramp.

 

„Mat „Nothing’s gonna stop us now“ gounge Starship haut viru 25 Joer fir 4 Wochen op Plaaz 1 an England. D’Sängerin Grace Slick war sou mat hiren 48 Joer zur eelste Fra ginn, déi d’Spëtzt vun de UK Charts errécht hat – e Rekord deen d’Cher 12 Joer méi spéit nach briëche sollt.

 

D’All Saints haten haut viru 14 Joer mat „Under the Bridge“ hiren 2.Spëtzenhit an England. Original ass d’Lidd vun de Red Hot Chili Peppers. Deenen hire Frontmann Antony Kiedis hat d’Versioun vun der Girl Group witzeg fonnt – se géife klénge wéi wann se keng Ahnung hätte, vu wat se sangen, war säi Kommentar.