
Frank Sinatra
“My Way” vum Frank Sinatra stoung haut virun 43 Joer fir di 1.Kéier an der Top Ten vun de UK Charts. Am Laf vun de nächsten 3 Joer sollt d’Lidd, dat am Original vum Claude François “Comme d’habitude” heescht, nach weider 8x rem an d’Top 50 raklammen.
Mat „West End Girls“ goungen d’Pet Shop Boys haut viru 26 Joer fir di 1.Kéier op Plaaz 1 an Amerika. D’Lidd sollt sech während 20 Wochen an de Billboard Charts halen. Och an der Heemecht England stoung de Synthipop-Duo domatt op Plaaz 1.
Den Akon huet sech haut viru 5 Joer öffentlech entschëllegt, nodeems e Video vun him um Internet opgetaucht war, an deem ee gesäit wéi de Sänger op engem Concert provokativ mat enger jonker Fra op der Bühn danzt. Heen hätt net gewosst, dass d’Meedche réischt 14 Joer aal war.