
Bob Marley
De Bob Marley ass haut virun 31 Joer gestuerwen. Den jamaikanesche Sänger a Songwriter sollt just 36 Joer aal ginn – heen hat Longekriibs an een Tumor am Gehiir. De 6.Februar, säi Gebuertsdag, ass zanter 1990 e Feierdag op Jamaika.
One Hit Wonder fir de Paul Hardcastle haut viru 27 Joer – den englesche Producer a Keyboarder goung op Plaaz 1 vun de UK Charts, mat sengem Antikrich-Hit „19“. Den Tittel bezitt sech op den Duerchschnëttsalter vun den amerikaneschen Zaldoten am Vietnamkrich.
Mat „Joyride“ hate Roxette haut virun 21 Joer hire 4.Nummer 1 Hit an Amerika. D’Iddi fir den Tittel koum aus engem Interview mam Paul McCartney, dee gesot hat, zesumme mam John Lennon Lidder schreiwe, wiër „a joyride“.