Stevie Wonder, Janet Jackson, Supergrass - 15.5.12

Leschten Update: 10.05.2012, 15:52:29

Stevie Wonder & Paul McCartney

De Stevie Wonder an de Paul McCartney goungen haut virun 30 Joer fir 8 Wochen op Plaaz 1 an Amerika, mat “Ebony and Ivory”. Et war dem Ex-Beatle seng 24. Nummer 1 an den USA als Songwriter. Viru 5 Joer hunn d’Nolauschterer vu BBC 6 d’Lidd zum schlëmmsten Duett vun allen Zäite gewielt.

 

6.Nummer 1 Hit an Amerika haut viru 19 Joer fir d’Janet Jackson. „That’s the way love goes“ goung fir 8 Wochen op Plaaz 1 vun de Billboard Charts.

 

“I should Coco”, den Debutalbum vu Supergrass, ass haut viru 17 Joer erauskomm. E sollt et bis un d’Spëtzt vun de UK Charts packen. Di 5.Singleauskopplung „Alright“ hat et mat Plaaz 2 am wäitste no uewe gepackt.