U2, Frankee, We are the Future - 16.5.12

Leschten Update: 10.05.2012, 15:56:04

Juanes

Duerchbroch fir U2 haut viru 25 Joer an Amerika. D’Single „With or without you“ goung fir 3 Wochen op Plaaz 1 vun de Billboard Charts – hiren 1.Spëtzenhit an den USA. D’Lidd war déi éischte Single vu U2, déi praktesch nëmme nach op CD an d’Buttéker komm war.

 

Haut virun 8 Joer goung d’Frankie fir 3 Wochen op Plaaz 1 an England, mat „Fuck you right back“. D’Lidd war d’Äntfert op sengem Ex Eamon säi Lidd „Fuck you“, dat och e Spëtzenhit war. Et war di 1.Kéier, dass e Lidd an d’Reaktioun drop virop an den Charts waren.

 

Zu Roum war haut virun 8 Joer de Benefizconcert „We are the Future“. Ronn 1 Millioun Leit huet de 5 Stonne laange Programm suivéiert, duerch dee Leit wéi Oprah Winfrey an Angelina Jolie gefouert hunn. Sämtlech Recette ware fir Kanner a Krichsgebidder. Organisateur war de Producer Quincy Jones, dee Leit wéi Alicia Keys, Norah Jones, Santana a Juanes op Roum bruecht hat.