Simple Minds, Blur, The Ting Tings - 18.5.12

Leschten Update: 11.05.2012, 16:01:53

The Ting Tings

“Don’t you (forget about me)” vun de Simple Minds goung haut viru 27 Joer op Plaaz 1 an Amerika. D’Lidd aus dem Film “The Breakfast Club” war an 10 weidere Länner een Top10 Hit.

 

Blur hunn haut viru 15 Joer de Futtballstournoi “Music Industry Soccer Six” gewonn – quasi eng Coupe déi ënner Muséksgruppen a Betriiber aus der Musékswelt ausgespillt gëtt. Um Wee zur Victoire konnte Blur z.B. d’Ekippe vum Robbie Williams a vun The Prodigy klappen.

 

D’Ting Tings goungen haut viru 4 Joer vu 0 op Plaaz 1 an England, mat “That’s not my name”. Et war di 3.Singleauskopplung aus hirem Debutalbum “We started nothing”, dee sech weltwäit bis elo ronn 6 Millioune mol verkaaft huet.