
Adele
De Stevie Wonder goung haut viru 35 Joer fir 3 Wochen op Plaaz 1 an Amerika, mat „Sir Duke“. Säi 6.Nummer 1 Hit war eng musikalesch Hommage un den Jazzmusiker a Bigband-Leader Duke Ellington, deen 1 Joer virdru verstuerwe war.
Mat „I swear“ goungen All 4 One haut virun 18 Joer fir 11 Wochen op Plaaz 1 an den USA. An 10 weidere Länner stoung den Hit, deen am Original e Countrylidd ass, och un der Spëtzt vun den Hitparaden.
„Rolling in the Deep“ vum Adele goung haut virun engem Joer op Plaaz 1 an Amerika. D’Lidd war fir 7 MTV Awards nominéiert, a sollt spéider mat 3 Grammyen ausgezeechent ginn.