Nirvana, Shanks & Bigfoot, Kylie Minogue - 23.5.12

Leschten Update: 15.05.2012, 14:51:04

De Fotograf Michael Lavine huet haut virun 21 Joer d’Fotoe gemaach fir de Nirvana Album “Nevermind”. D’Iddi vum Puppelchen, deen am Waasser schwëmmt, haten de Kurt Kobian an den Dave Grohl, nodeems se op der Telé e Reportage iwwer Waassergebuerte gesinn haten.

 

One Hit Wonder haut virun 13 Joer an England – de Musékprojet Shanks & Bigfoot goung fir zwou Wochen op Plaaz 1 vun de UK Charts, mat “Sweet like Chocolate”. No engem Album an zwou weidere Single war scho rem Schluss.

 

Fir di 47.Kéier goufen haut virun 10 Joer d’Ivor Novello Awards verginn. Ënnert de Gewënner waren d’Dido, U2, de Mick Hucknall vu Simply Red an d’Kate Bush. Mat 3 Awards fir säi Welthit „Can’t get you out of my head“ erausgestach hat awer d’Kylie Minogue.