
Plaaz 1 an England haut viru 16 Joer fir den offiziellen EM Song vun der englescher Futtballnationalekipp. „Three Lions“ vun de Comedians Baddiel and Skinner, zesumme mat de Lightning Seeds, stoung un der Spëtzt vun de UK Charts.
Keng Chance fir d’All Saints haut virun 12 Joer - de Film “Honest”, produzéiert vum Dave Stewart vun de Eurythmics, an deem di 3 Membere vun der Girl Group matgespillt hunn, gouf wéinst Manque u Succès kuerz nom Release aus den englesche Kinoën zréckgezunn.
Fir de 50.Gebuertsdag vun de UK Charts gouf haut viru 6 Joer via Emfro de beschte briteschen Album vun allen Zäite gewielt. D’Beatles goufen op d’Plaazen 3 an 2 gewielt – Nummer 1 fir d’Fans war den Oasis Debutalbum „Definitely Maybe“.