
D’ Jennifer Rush huet haut virun 27 Joer d’ Spetzt vun de briteschen Charts gestiermt. Seng Single „Power of Love“ konnt sech 5 Wochen op Platz 1 haalen!
Haut virun 21 Joer hunn Simply Red et mat hierem 4. Album “Stars” op Platz 1 vun den UK Charts gepackt.
D’ Chemical Brothers haten haut virun 16 Joer hier 1. Nummer 1 Single mat “Setting the Sun”!
Haut virun 13 Joer huet den Adrian Young, Drummer bei No Doubt seng Frendin während engem Concert zu San Fransisco gefrot op et hien wéilt bestueden. Virum ganze Publique, just virun der Show ass hien op der Bühn virun senger spéiderer Fra op d‘ Knéien gangen. Bis haut sinn di 2 glecklech mateneen bestuet!
Oasis hunn et haut virun 4 Joer eng lechte Kéier zesummen op Platz 1 vun den UK Album Charts gepackt. „Dig Out Your Soul“ war de 7. Ablum vun der Band. Dono hu si sech getrennt!