Whitney Houston, Flea, John Mayer- 16-10-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 12.10.2012, 10:21:16

D’ Whitney Houston ass haut virun 24 Joer op Platz 1 vun den UK Single Charts geklommen. Sei Lidd “One Moment in Time” war d’ Hymne vun den Olympeschen Summerspiller 1988 zu Seoul!

 

 Haut virun 7 Joer sinn d‘ Sugababes mat hierem 4. Album „Taller in more ways“ op Platz 1 vun den UK Charts katapultéiert!

 

 4 Joer sinn et hier dass dem Britney Spears seng Single “Womanizer” op Platz 1 vun den US-Single Charts stung. No Baby One More Time aus dem Joer 1999 war dat bis dohin der Sängerin hier 2. Nummer 1-Single an den USA!

 

Den Michael Balzary, besser bekannt als Flea, Bassist vun de Red Hot Chili Peppers kritt haut seng 50 Joer!

 

An den John Mayer, offiziell Sing a Songwriter, inoffiziell Hollywood-Herzensbriecher, feiert haut sain 35 Gebuertsdag! Happy Birthday!