John Lennon, Shaggy, Hanson- 22-10-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 22.10.2012, 13:43:34

24 Joer sinn et op den Dag genee hier dass de Phil Collins mat senger Single „Groovy Kind Of Love“ d‘ US-Single Charts gestiermt huet. Et war seng 6. Nr. 1 an den USA!

 

Op deemselwechten Dag am selwechte Joer hunn U2 et vir eng 4. Kéier op Platz 1 vun den UK Album Charts gepackt!

 

Haut virun 12 Joer huet den George Michael 1 Millioun 450.000 Pond vir en Steinway piano ausginn. Et war deen Piano op dem den John Lennon „Imagine“ geschriwwen huet. Och de Robbie Williams an d‘ Gallagher-Bridder vun Oasis hu matgebueden, mee den George hat se wéi gesot iwwerbueden!

 

Den Orville Richard Burrell, bekannt als Shaggy feiert haut sein 44. Gebuertsdag!

 

Den Zachary Walker Hanson, Drummer, Guitarist, Keyboarder a Sänger bei der Familjeband „Hanson“ feiert haut seng 27 Joer! Happy Birthday!