Bon Jovi, Spice Girls, Katy Perry- 25-10-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 25.10.2012, 15:16:08

Haut viru 26 Joer sinn Bon Jovi mat hierem Album “Slippery When Wet” op Platz 1 vun den US-Charts geklomm. Dorobber waren och d‘ Nummer 1 Singlen „You Give Love A Bad Name“ an „Livin‘ On a Prayer“ drop ze fannen! Den Album huet sech weltwait méi wi 8 Millioune mol verkaf!

 

Genee um selwechten Dag am selwechte Joer stungen vir di alleréischte Kéier an der Geschicht vun der Billboard Hot 100, 3 Fraen un der Spetzt vun den Single-Charts. Op Platz 3. stung d‘ Janet Jackson mat „When I Think Of You“, op Platz 2. d’ Tina Turner mat “Typical Male” an Platz 1 stung d’ Cyndi Lauper mat “True Colors”.

 

Haut virun 15 Joer stungen d’ Spice Girls mat hierer Single “Spice Up Your Life” un der Spetzt vun den UK Single Charts.

 

Den Chad Smith, Drummer bei den Red Hot Chili Peppers feiert haut sain 50. Gebuertsdag!

 

D‘ Katy Perry feiert sein 28 Gebuertsdag! Happy Birtday!