Beatles, Whitney Houston, AC/DC- 26-10-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 25.10.2012, 15:22:58

Haut virun 47 Joer goufen d’ Beatles vun der Queen Elizabeth der 2. An den Buckinbham Palace invitéiert. Di 4 Museker goufen zum „Member of the Order of the British Empire“ ernannt. Berichter no sollen d’ Beatles an engem vun de Buedzemmer am Palais Marijuana gefemmt hunn. Vill Leit di des Auszeechnung virun de Beatles kruten hunn protesteiert. Den John Lennon huet zréck argumentéiert, dass ganz vill Leit dese Preis vir Gewalt kruten, am Krich, well se Leit embruecht hunn. D' Beatles, allerdengs geifen de Preis kréien, well se Leit Freed an hiert Liewen bruecht hätten. No der Iwwereschung sot den Lennon dass d‘ Queen vill méi frendlech wéi op de Fotoen wier!

 

D‘ Whitney Hoston huet et haut virun 27 Joer mat sengem Lidd „Saving All My Love For You“ op Platz 1 vun den US-Single Charts gepackt.

 

4 Joer sinn et hier dassen AC/DC d’ UK Charts mat hierem Album “Black Ice” gestiermt haten!

 

An de Bootsy Collins, extrovertéierten Museker an ennert aanerem och Bassist vum James Brown feiert haut sein 61 Gebuertsdag! Happy Birhday!