
Haut viru 14 Joer stungen d’ Original Membren vu Black Sabbath no langer Zait endlech mol nees eng Kéier zesummen op enger Bühn. Et war am Kader vun engem Optrett an der Fernseh-Sendung „David Letterman Show“. Natierlech hu si hieren gréissten Hit, an zwar „Paranoid“ zum Beschte ginn!
Ganz genee 10 Joer ass et elo hier, dass den Jam Master Jay vu Run-DMC an engem Studio zu Queens, New York während Opnahmen erschoss gouff.
De Robbie Williams stung haut virun 7 Joer mat sengem Album „Intensive Care“ op Platz 1 vun den UK Charts. Dat war sein bis dohinner 6. Nr. 1 Album!
De Gavin Rossdale, Sänger bei Bush a Mann vum Gwen Stefanie feiert haut sain 45. Gebuertsdag! Happy Birthday!