Sheryl Crow, U2, Creed- 05-11-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 02.11.2012, 12:49:13

Haut virun 29 Joer huet den Billy Joel d’ UK Single Charts gestiermt! Mat senger Single „Uptown Girl“ konnt hien sech 5 Woche lang un der Spetzt vun den Charts halen!

 

D‘ Sheryl Crow huet et haut virun 18 Joer eng alleréischte Kéier an d‘ Top 10 vund en UK Charts gepackt! Seng Single „All I Wann Do“ huet et bis op Platz 4 gepackt.

 

12 Joer sinn et op den Dag genee hier, dass den U2-Album “ All That You Can’t Leave Behind” op Platz 1 vun den UK Charts geklomen ass.

 

Creed waren um selwechten Dag am selwechte Joer mat der Single „With Arms Wide Open“ op Platz 1 vun den US-Single-Charts!

 

De Bryan Adams kritt haut 53 Joer! Happy Birhday!