Grease, Alanis Morissette, Thom York- 07-11-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 02.11.2012, 14:30:46

Haut virun 34 Joer ass de Soundtrack zum Film “Grease” op Platz 1 vun den UK Charts geklommen. Dese legendären Album mam John Travolta an Olivia Newton-John konnt sech 13 Wochen un der Spetzt halen!

 

17 Joer sinn et op den Dag genee hier, dass d‘ Alanis Morissette mat „Jagged Little Pill“ d‘ US-Charts gestiermt huet.

 

Den Tico Torres, Drummer vu Bon Jovi feiert haut seng 59 Joer!

 

D‘ Toni Braxton kritt haut 45 Joer!

 

An den Thom York, Guitarist, Keyboarder an Frontmann bei Radiohead dierf sech iwwer 44 Käerzen um Kuch freen! Happy Birthday!