Berlin, Robbie Williams, Gorillaz- 08-11-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 08.11.2012, 11:58:37

Haut virun 26 Joer stungen Berlin mat der Single “Take my breath away” op Platz 1 vun den UK Single Charts!

 

Ganz genee 14 Joer sinn et hier dass de Robbie Williams mat sengem 2. Album „I’ve been expecting you“ op Platz 1 vun den UK-Charts stoung. Et war de mescht verkaaften Album vum Joer mat iwwer 2,5 Milliounen verkaafte Scheiwen!

 

Haut virun 11 Joer krut de Robbie dann och nach op den MTV Europe Music Awards e Preis an der Kategorie „Best male“ & „Best song for Rock DJ“! De Craig David krut de Preis „Best R&B“ & „Best UK &Ireland act“, d‘ Dido war „Best new act“, d‘ Anastacia „Best Pop Act“, den Eminem „Best Hip Hop Act“ an d‘ Gorillaz kruten en MTV Award vir “The best song: Cint Eastwood”!

 

Den Porl Thompson, Grennungsmember an Ex-Guitarist vun The Cure kritt haut 55 Joer! Happy Birthday!