Prince, Kylie Minogue, Salt'n'Pepa- 09-11-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 08.11.2012, 12:04:08

Ganz genee haut virun 45 Joer ass vir eng alleréischte Kéier d’ Museksmagazin “The Rolling Stone” erauskomm. Um Cover den John Lennon an enger Arméisuniform! An der 1. Editioun gouf et als Cadeau nach eng Klamer mat dobäi, di ee benotzt huet wann een de Schluss vun sengem Joint wollt fëmmen!

 

Haut virun 21 Joer waren de „Prince And The New Power Generation“ mat “Cream”op Platz 1 vun den US-Single Charts!

 

Genee haut viru 9 Joer stoung d’ Kylie Minogue mat “Slow” vir eng 7. Kéier op Platz 1 vun den UK Charts!

 

D‘ Sandra Denton, besser bekannt als Pepa bei Salt’n’Pepa kritt haut seng 43!

 

An d‘ Australierin Delta Goodrem dierf haut 28 Käerzen ausblosen! Happy Birthday!