Lionel Richie, U2, Destiny's Child- 12-11-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 08.11.2012, 12:09:20

Haut virun 29 Joer ass den Lionel Richie mat sengem Mega-Hit “All Night Long” un d’ Spetzt vun den US-Charts geklomm. D‘ Lidd konnt sech 4 Woche laang op der 1 halen!

 

Ganz genee 24 Joer sinn et hier dasse U2 et mat hirem Album „Rattle And Hum“ op Platz 1 vun den US Charts gepackt haten. Den Album konnt sech ganzer 6 Wochen un der Spëtzt halen an gouf weltwäit méi wéi 14 Milliounen mol verkaf!

 

Haut viru 15 Joer sinn d‘ Spice Girls mat hirem 2. Album „Spiceworld“ op Platz 1 vun den UK Album Charts geklomm!

 

Um selwechten Dag, also haut virun 15 Joer gouf dem George Michael säi Fanclub „Members Online“ um Internet opgemaach!

 

Haut virun 12 Joer stoungen Destiny’s Child mat „Independant Women Part 1.“ op Platz 1 vun den US-Charts. D‘ Single konnt sech ganzer 11 Wochen un der Spëtzt halen!