
Genee haut virun 30 Joer stungen “Men At Work” mat hirem Debut-Album „Buisness As Usual“ vir ganzer 15 Wochen op Platz 1 vun den US-Charts!
Haut viru 16 Joer hunn AC/DC am Kader vun hirer Ballbreaker World Tour, di 1. Vun 4 ausverkaaften Nuechten am Sydney Entertainment Center zu Sydney gespillt!
Haut virun 12 Joer sinn di iwwerliewend Beatles mat hirer éischter offizieller Homepage www.thebeatles.com online gaang. Deeselwechten Dag ass och hiren retrospectiven „Compilation 1“ – Album erauskomm!
De Nikolai Fraiture, Bassist vun The Strokes kritt haut 33 Joer! Happy Birthday!