Milli Vanilli, Jay-Z, Chad Kroeger- 15-11-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 20.11.2012, 14:07:44

Haut virun 32 Joer stunge Blondie mat „The Tide is high“ op Platz 1 vun den UK-Single Charts!

 

Ganz genee 22 ass hier dass den Produzent Frank Farian op enger Pressekonferenz confirméiert huet dass di 2 Memberen Rob an Fab vu Milli Vanillli keen vun hiren weltwäiten Hits selwer gesongen hunn!

 

5 Joer ass et hier dass den Jay-Z mat sengem Album „American Gangster“ vir eng 10 Kéier op Platz 1 vun den US-Charts stoung! Och den Elvis hat genee souvill Nr. 1 Alben, just d‘ Beatles haten der nach méi, nämlech 19!

 

Haut kritt d‘ Frida Lyngstad, bekannt als Sängerin vun Abba hier 67 Joer!

 

An den Chad Kroeger, Frontmann a Gittarist vu Nickelback dierf sech iwwer 38 Käerzen um Kuch freeën! Happy Birthday!