Girls Aloud, The Beatles, Velvet Revolver- 16-11-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 20.11.2012, 14:11:27

Haut viru 27 Joer stoungen Starship mat hirem Megahit “We built this city” op Platz 1 vun den US-Single Charts. Op der britescher Insel haten si just d’ Platz Nummer 12 ereescht!

 

Haut virun 4 Joer stoungen Girls Aloud mat hirem Album “Out of Control” op Platz 1 vun den UK Album Charts.

 

Genee haut virun 2 Joer gouf den kompletten “Beatles”-Katalog op iTunes gesat. No jorelaangen Diskussiounen tëscht Apple an EMI gouf endlech e gemeinsamen Nenner fonnt! De Steve Jobs deen e grousse Beatles-Fan war, huet sech gefreet wéi e klengt Kand!

 

Den David Kushner, Gittarist vu Velvet Revolver kritt haut 47 Joer!

 

An den Bryan Abrams vu "Color Me Bad" kritt haut 43 Joer. Happy Birthday!