
Haut virun 24 Joer stoungen Bon Jovi mat hirer Single “Bad Medecine” op Platz 1 vun den US-Charts!
Genee 10 Joer sinn et haut hier, dass de Michael Jackson säin deemools 9 Méint jonke Bouf Prince Michael II genannt Blanket, zu Berlin aus der Fënster vum Stärenhotel „Adlon“ erausgehalen huet. D‘ Biller sinn rondrëm d‘ Welt gaangen an hu schockéiert!
Den George Michael stoung haut virun 6 Joer mat sengem Album „Twenty Five“ op Platz 1 vun den UK Charts. Et war säin 6. Nummer 1 Album!
Um selwechten Dag, haut virun 6 Joer, stoung och den Akon zesummen mam Eminem op Platz 1 vun den UK Charts. Hier Single „Smack that“ ass um Akon sengem Album „Konvicted“ ze fannen.
Haut huet den Matt Sorum Gebuertsdag. Den Drummer deen 1990 den Steven Adler bei Guns’N’Roses ersat huet a speider mam Slash d‘ Band Velvet Revolver gegrënnt huet kritt haut seng 52. Happy Birthday!