
Haut virun 31 Joer stoungen Queen mam David Bowie an der Single “Under Pressure” op Platz 1 vun den UK Charts.
Ganz genee 20 Joer sinn et hier dass d’ Single “Would I Lie To You” vum Duo “Charles and Eddie” d’ UK Single Charts gestiermt huet!
Den Eminem stoung haut virun 8 Joer mat sengem Album “Encore op Platz 1 vun den US-Charts. Et war dem Rapper säin 3. Nummer 1 Album!
Di islännesch Sängerin a Schauspillerin Björk kritt haut 47 Joer!
An den Alex James, Bassist vu Blur dierf haut 44 Käerzen ausblosen! Happy Birthday!