Pearl Jam, INXS, Alanis Morissette- 22-11-12

Haut virun X Joeren an der Muséksgeschicht

Leschten Update: 21.11.2012, 16:49:45

Haut virun 26 Joer stoungen Human League mat hirer Single „Human“ op Platz 1 vun den US Charts!

 

Genee haut virun 18 Joer hunn Pearl Jam hiren 3. Album “Vitalogy” erausbruecht. Den Album ass vir d’ éischt op Vinyl erauskomm. Et war den 1. Vinyl den et an d’ US-Charts gepackt huet, zanter deems d’ Musek gréisstendeels op CD verkaf ginn ass.

 

Genee haut viru 15 Joer gouf den INXS-Sänger Michael Hutchence dout a sengem Hotelszëmmer zu Sydney fonnt. Duerch e Fetich hat de Sänger sech ongewollt mat sengem Rimm erhaangen. Hien ass just 37 Joer al ginn!

 

Haut viru 14 Joer stoung dem Alanis Morissette säin 4. Album „Supposed Former Infatuation Junkie“ op Platz 1 vun den US-Charts.

 

Den Rasa Don vun "Arrested Development" kritt haut seng 44 Joer! Happy Birthday!