
Haut virun 37 Joer stoungen Queen mat hirem Meeschterwierk “Bohemian Rhapsody” op Platz 1 vun den UK Charts. D‘ Lidd konnt sech 9 Wochen un der Spëtzt halen!
22 Joer sinn et hier dass Genesis mat „We Can’t Dance“ vir eng 5. Kéier op Platz 1 vun den UK- Album Charts stoungen.
D‘ Christina Aguilera huet haut virun 10 Joer mat „Dirrty“ d‘ UK Single Charts gestiermt!
Genee 4 Joer sinn et hier dass d‘ Leona Lewis mat sengem Debut-Album „Spirit“ op Platz 1 vun den UK-Album Charts stoung.
An um selwechten Dag, also haut virun 4 Joer koum endlech de laang ugekënnegten neien „Guns’N’Roses“-Album „Chinese Democracy“ eraus. Vum leschten Album op dësen si ganzer 15 Joer vergaangen!