Kurt Cobain, Lady Gaga, Agneta Fältskog

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 08.04.2013, 12:03:19

Haut virun 33 Joer huet d’ Band Genesis et mat hirem Album „Duke“ op Platz 1 vun den UK Charts gepackt!

 

Haut viru 19 Joer gouf de Kurt Cobain dout a sengem Weekend-Haus fonnt. Hien hat sech d‘ Liewe geholl!

 

Viru 5 Joer stoung d‘ Lady Gaga, mat hirem Album „Fame“ un der Spëtzt vun de UK-Album-Charts!

 

Den Jim Marshall ass haut virun 1 Joer gestuerwen. Seng Verstäerker hunn d‘ Musek vu Staren, wéi Eric Clapton, Jimmy Page, Eddy Van Halen an Slash geprägt!

 

D‘ Agneta Fältskog, Ex-Sängerin vun Abba feiert haut hiren 63. Gebuertsdag! Happy Birthday!