
Haut virun 22 Joer hunn Nirvana vir eng alleréischte Kéier “Smells Like Teen Spirit” live gespillt. D’ Éier hat de Publique am OK Hotel zu Seattle am Staat Washington!
De Morrissey huet haut virun 4 Joer säin Optrëtt um Coachella Festival a Kalifornien ofgebrach. Den iwwerzeegten Déirenrechtler a Veganer wollt net op enger Bühn spillen wou et no Fleesch géif richen...
Den US Rapper Redman deen 2002 mam Christina Aguilera de Mega-Hit “Dirrty” hat, kritt haut 43 Joer.
D’ Victoria Adams, fréier Posh Spice, bei de Spice Girls, elo bekannt als Designerin a Fra vum David Beckham kritt haut 39 Joer!
Happy Birthday!