AC/DC, Prince, Robbie Williams

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 22.04.2013, 08:59:21

Haut virun 33 Joer stounge Blondie mat “Call Me” op Platz 1 vun den US Single Charts. D’ Lidd ass och um Soundtrack vun “American Gigolo” ze fannen an dem den Richard Gere d’ Haaptroll gespillt huet!

 

Um selwechten Dag, also haut virun 33 Joer huet den Brian Johnson als Sänger bei AC/DC ugefangen. Hien huet domadder d‘ Platz vum Bon Scott ageholl, deen kuerz virdrun duerch ze vill Alkohol gestuerwe war.

 

De Prince huet haut virun 27 Joer mat „Kiss“ d‘ US-Charts gestiermt. D’ Platz Nummer 2 an den Charts koum dee Moment,  iwwregens och aus senger Fieder. Den Mega-Hit “Manic Monday” vun The Bangles huet hien geschriwwen!

 

De Robbie Williams huet et haut virun 15 Joer mat sengem Debut Solo Album « Life Thru A Lens » op Platz 1 vun den UK  Charts gepackt !

 

Haut virun 3 Joer gouf et e Skandal ronderëm d’ kathoulesch Kierch. An der offizieller Zeitung vum Vatikan, gouf dem verstuerwene Beatle John Lennon verzien, well hien Joeren virdrun an engem Interview d‘ Ausso gemaach huet: „D‘ Beatles si méi grouss wéi de Jesus“. De Ringo Starr huet dorobber reagéiert an huet der Kierch matdeele gelooss dass si de Pardon ofleenen. De Vatikan huet d‘ Beatles nämlech mat Satanisten verglach.