
Haut virun 37 Joer hunn d’ Ex-Beatles John Lennon an Paul McCartney de leschte gemeinsamen Owend zesumme verbruecht. De Paul war mat senger Fra Linda beim John zu New York op Besuch. Si hunn zesummen Saturday Night Live um Fernseh gekuckt. De Produzent vun der Show hat di 2 gefrot op et méiglech wier eng Mini-Beatles-Reunion deen Owend ze man, vir 3 Lidder an der Sendung zesummen ze spillen. De Lennon a McCartney hunn du kuerz driwwer nogeduecht, spontan mam Taxi an de Fernsehstudio ze fueren, hunn d‘ Idee dunn awer nees vergruewen well se ze midd waren. Et war wi gesot de leschten Owend deen di legendär Beatle-Memberen matenee verbruecht hunn!
Genee 8 Joer ass et hier dass den Akon mat sengem Album “Trouble” d’ UK Album Charts gestiermt huet!
D‘ Arctic Monkeys hunn haut virun 6 Joer hiren deemools neien Album „Favourite Worst Nightmare“ erausbruecht. Alleng den 1. Dag goufen 85.000 Copien verkaf. Keng aaner Band huet 2007 méi Exemplairen vun hirem neien Album verkaf wéi si!
D‘ Kelly Clarkson huet haut Gebuertsdag. D‘ Sängerin dierf 31 Käerzen ausblosen!
Happy Birthday