Jon Bon Jovi, Avril Lavigne, Queen

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

29.04.2013, 09:32:00

Genee haut virun 24 Joer goufen Milliounen Häerzer gebrach, den Jon Bon Jovi huet deemools seng High School Léift Hurly  an der Graceland Chapel zu Las Vegas bested. Di 2 si bis haut zesummen!

 

D’ Arctic Monkeys hunn et haut virun 6 Joer op Platz 1 vun den UK Album Charts gepackt. „Favourite Worst Nightmare“ konnt sech 3 Wochen un der Spëtzt halen!

 

D‘ Avril Lavigne stoung deeselwechten Dag, also haut viru 6 Joer mat sengem 3. Album  „The Best Damn Thing“ op Platz 1 vun den US Album Charts!

 

En anonyme Queen Fan huet haut viru 4 Joer 2 Stonnen Privat-Guitars-Unterrecht mam Brian May gewonnen. Hien huet bei enger Stee 7.600 Pond gebueden. D‘ Recetten sinn un eng karitativ Organisatioun gaangen.

 

De Mike Hogan, de Bassist vun The Cranberries kritt haut seng 40 Joer!

 

Happy Birthday!