
Den Eagle-Eye Cherry kritt haut 44 Joer. Hien ass a Schweden opgewuess an am Alter vun 12 Joer op eng Musekschoul op New York geschéckt ginn. Do war hien als Batteur a verschiddenen Bands aktiv. Am Alter vun 28 Joer ass säin Debütalbum eraus komm. D’Singleauskopplung „Save tonight“ ass bis haut säin gréissten Erfolleg.
Haut virun 7 Joer waren Snow Patrol op Platz 1 vun den engleschen Albumcharts mat „Eys Open“. Et war der Band hire 4. Album. Déi éischt Singleauskopplung „You are all I have“ huet a ville Länner d’Top 10 erreecht. Déi 2. Single „Chasing cars“ war ganzer 138 Wochen an den engleschen Charts. Mat deem Lidd hunn Snow Patrol och den Duerchbroch an den USA gepackt.
Haut virun 36 Joer waren d’Eagles op Platz 1 den USA mat „Hotel California“. Et war der Band hire 4. Nummer 1 Hit an Amerika. D’Band war mat 5 Nummer 1 Singelen a 6 Nummer 1 Alben eng vun den erfollegräichste Formatiounen aus de 70er Joeren.