Beatles, Oasis, Stevie Wonder

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

13.05.2013, 13:02:00

Haut virun 43 Joer war zu New York d’Weltpremière vum Beatles-Film “Let It Be”. De Film war als éischt als Telesdokumentatioun geplangt. Gewisen gouf dee leschten Optrëtt vun der Band viru Publikum. Et war dee leschten original Release vun  de Beatles.

Haut virun17 Joer goufen Oasis déi Band an der britescher Geschicht, déi am séiersten hir Ticket’en verkaaft huet. Déi 330.000 Ticketen vun hirer Summertour hat d’Band a just 9 Stonnen verkaaft, dat zu engem Präis vun 22 Pond.

De Stevie Wonder huet haut Gebuertsdag. De Sänger, Songwriter a Multi-Intruemntalist kritt 63 Joer. De Stevie Wonder hat a senger Carrière iwwer 40 Singelen an den engleschen an amerikaneschen Charts.