U2, Keane, Janet Jackson

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

16.05.2013, 01:25:00

Haut virun 26 Joer sinn U2 un der Spëtzt vun den amerikaneschen Charts gelant mat hirem Hit “With Or Without You”. Et war der Band hiren éischten Nummer-1-Hit an den USA. Des Single aus dem Album “The Joshua Tree” vun 1987 war dee Moment hir erfollegräichst Single.

Haut virun 9 Joer huet di englesch Band Keane d’Pole Position vun den engleschen Charts erreecht mat hirem Debütalbum “Hopes and Fears“. Als Single ausgekoppelt gouf ënner anerem den Titel „Somewhere Only We Know“- ee Lidd dat haut nach ëmmer fir Telesproduktiounen benotzt gëtt. Fir den Album kruten Keane 2 Brit Awards .

D’Janet Jackson huet haut Gebuertsdag. Di amerikanesch Sängerin an Actrice kritt 47 Joer. Dat jéngste Kanada aus der Jackson-Famill hat eng Partie Hitten an den Charts , dorënner “Nasty” an “That's the Way Love Goes”.