Falco, Green Day, Donna Summer

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

17.05.2013, 02:26:00

Haut virun 27 Joer war de Falco als éischte éisträicheschen Kënschtler iwwerhaapt un der Spëtzt vun de engleschen Charts. Ee Mount virdrun ass et fir „Rock me Amadeus“ och an den USA duer gaangen fir en Nummer 1 Hit. Iwwert dëse sensationellen Erfolleg konnt de Falco sech awer guer net richteg freeën. Hien huet dat als immens Belaaschtung ëmpfonnt a bal 5 Joer gebraucht fir déi eenegermoossen lass ze ginn.

Haut virun 4 Joer waren d’Black Eyed Peas op Platz 1 an England mam Titel “Boom Boom Pow”: dëst war déi éischt Single aus der Band hirem 5. Album „The End“- een Album mat Partylidder – awer Texter ouni vill Sënn.

Bei den Albumcharts waren Green Day virun 4 Joer op Plaz 1 an England mat hirem 8. Studioalbum “21th Century Breakdown”. Bei de Grammy Awards kruten Green Day dofir de Präis fir de beschte Rockalbum. Als Single goufen ënner anerem „Know Your enemy“ ausgezeechent.

Haut virun engem Joer ass d’Donna Summer gestuerwen. Di sougenannten Queen of Disco ass u Longekriibs gestuerwen. An hirer Carrière krut d’Donna Summer 5 Grammy’en an6 American Music Awards. Seng gréissten Hitten waren ënner anerem  “Hot Stuff”, an “I Feel Love”.