
Haut virun 2 Joer war d’Adele op Plaz 1 an den USA mat sengem Hit “Rolling In The Deep”. Een Extrait aus sengem 2. Studioalbum. “21”. De Video dozou war fir 7 MTV Video Music Awards nominéiert. “Rolling In The Deep“ war och d’Billboard Nummer 1 Single vum Joer 2011. An den Titel krut och 3 Grammy’en.
Haut virun 6 Joer war d’Rihanna mam Jay-Z op Platz 1 vun den engleschen Charts mat “Umbrella”. Den Titel gouf ee vun den weltwäit erfollegräichsten Lidder vum Joer 2007. Eigentlech war „Umbrella“ fir d’Britney Spears geschriwwe ginn. Deem seng Plackefirma wollt d’Lidd awer net. Dem Rihanna säi Plackechef huet dogéint direkt zougegraff. Sou ass eng Zesummenaarbecht mam Rihanna sengem Entdecker Jay-Z entstanen- den 21. Mee 2007 war den Titel fir 10 Wochen op Platz 1 a Groussbritannien
Haut virun 13 Joer war d’Whitney Houston fir zwou Wochen op Plaz 1 vun den engleschen Charts mat sengem Greatest Hits Album. Mat iwwer 170 Millioune verkaaften Placken a 6 Grammy’en gehéiert d’Whitney Houston zu den erfollegräichsten Sängerinne vu senger Zäit.