Madness, Ace Of Base, Söhne Mannheims

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

22.05.2013, 01:06:00

Haut virun 31 Joer war di englesch Skaband Madness op Plaz 1 vun den engleschen Albumcharts mat hirem Best-Of-Album „Complete Madness“. Réischt 3 Joer virdrun war hir éischt Single „The Prince“ eraus komm. Trotzdem haten Madness scho genuch Material fir ee Best-Of-Album zesummen, ënner anerem hiren Nummer-1-Hit „House Of Fun“ aus dem 1982. „House Of Fun“ erzielt d’Geschicht vun engem 16 Joer ale Jong dee fir d’éischte Kéier an ee Bordell geet

Haut virun 20 Joer war di schwedesch Popgrupp Ace Of Base op Plaz 1 an den engleschen Charts mat “All That She Wants” .Och an aneren europäeschen Länner war d’Single en Hit, ënner anerem och Plaz 1 an Däitschland. E bësse mi spéit ass Ace of Base och an den USA den Duerchbroch gelongen.  An de Billboard-Charts ass „All That She Wants“ op Plaz 2 era geklommen.

Haut virun 9 Joer hunn d’Söhne Mannheims ee Benefissconcert am Äisstadion Mannheim ginn zugonschten vun der Popakademie. An der selwechter Woch ass mat „Vielleicht“ och di éischt Single aus dem neien Album „Noiz“ eraus komm. Kuerz drop ass den Song bis op Platz 9 vun den däitschen Single-Charts geklommen.