
Haut viru 16 Joer stoungen d’ Hanson-Bridder mat hirem Mega-Ouerewuem “MMMBop” op Platz 1 vun den US-Single Charts. Et war der Famljeband hier Debutsingle an déi ass ëmmerhin am ganzen a 27 Länner op Platz 1 gelant!
Um selwechten Dag, also haut viru 16 hunn d‘ Spice Girls et mat hirem Album“Spice“ op Platz 1 vun den US-Charts gepackt. No de Supremes an der Band The Go-Go’s waren d‘ Spice Girls reicht di 3. Girlband di et an den USA un d’ Spëtzt vun den Charts gepackt hat!
An haut huet e legendären Museker Gebuertsdag! Den Robert Zimmerman, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Bob Dylan kritt haut 72 Joer! Happy Birthday!