
D’ Christina Aguilera, d’ Lil’Kim, d’ Mya an d’ Pink hunn et haut virun 12 Joer zesummen op Platz 1 vun den US-Single-Charts gepackt ! Hier Versioun vu “Lady Marmalade” konnt sech 5 Wochen un der Spëtzt halen. D‘ Original-Versioun ass iwwregens aus dem Joer 1975!
De Robbie Williams gouf haut virun 8 Joer op Platz 1 vun de beschten Live-Solo-Artiste gewielt. Domat huet hien den Elvis Presley, Jimi Hendrix an David Bowie vun hire Platze gekickt. Bei der britescher Ëmfro goufen 5000 Leit gefrot!
D‘ Red Hot Chili Peppers hunn et haut virun 7 Joer mat hirem 9. Studio-Album „Stadium Arcadium“ op Platz 1 vun den US Album Charts gepackt.
Den André 3000 wuel am bekanntsten als Sänger bei Outkast, mëttlerweil awer och erfollegräiche Schauspiller, kritt haut 38 Joer!
An d‘ Lisa Left-Eye Lopes, d‘ Rapperin bei TLC hätt haut 42 Joer kritt. D‘ Lisa ass den 26. Abrëll 2006 an engem Autosaccident em d‘ Liewe komm.