
Haut virun 22 Joer hate Nirvana just d’ Opnamen zum Album “Nevermind” ofgeschloss. Last minute hu se haut virun 22 Joer eng Show zu Los Angeles gespillt. Am Publique souz den Iggy Pop an d‘ Jennifer Finch, d‘ Bassistin vun der Band L7 an deemoleg Frëndin vum Dave Grohl. D‘ Jennifer hat deemools seng bescht Frëndin mat dobäi d‘ Courtney Love...de Recht ass Geschicht...
Haut viru 16 Joer ass de Sing a Songwriter Jeff Buckley verschwonnen. Hien hat am Soff gewett e kéint vun där enger Säit vum Mississippi bis op di Eemer Säit schwammen. Sai Kierper gouf e puer Deeg méi spéit vun engem Tourist fonnt...
D’ Marie Fredriksson, d’ Sängerin vu Roxette feiert haut hiren 55. Gebuertsdag!
De Noel Gallagher, Mastermind vun Oasis an elo solo ganz erfollegräich mat sengem Projet Noel Gallagher’s High Flying Birds, kritt haut 46 Joer.
D‘ Melanie Brown aka Mel B aka Scary Spice vun The Spice Girls kritt haut 38 Joer.
Happy Birthday!