White Stripes, Tom Morello, Cee-Lo Green

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 30.05.2013, 14:27:41

Genee haut viru 6 Joer gouf eng Copy vum neien White Stripes Album „Icky Thump“ komplett op engem Radio zu Chicago gespillt. Den Jack White war zu dem Zäitpunkt a Spunien op Tour. Hien huet et sech net huele gelooss vun do aus perséinlech op Chicago bei de Radio unzeruffen vir hinnen ze soen wéi enttäuscht hien vun hinne wier!

 

En Bild wat mat Uelegfarwen gemoolt gouf, mam plakege Madonna a sengem Ex-Mann Guy Ritchie sollt haut virun 4 Joer zu Glasgow versteet ginn. Den Ufankspräis louch bei 15.000 Pond. Leider huet sech awer keen vir dem schottesche Kënschtler Peter Howson säi Portrait interesséiert. D’ Bild ass wierklech speziell…

 

Den Tom Morello, Guitarist bei Rage Against The Machine an Audioslave kritt haut 49 Joer!

 

Den Thomas Callaway, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Cee-Lo Green dierf haut 39 Käerzen ausblosen.

Happy Birthday!