Peter Gabriel, Eternal, MC "D"

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

Leschten Update: 26.11.2013, 10:55:12

De Peter Gabriel stoung haut virun 27 Joer mat “ So ” op Platz 1 vun den UK Album Charts. Op dësem Album war och séin Mega-Hit „Sledgehammer“ drop ze fannen!

 

Haut virun 16 Joer huet d‘ Girl-Band Eternal et mat « I wanna be the only one » op Platz 1 vun den UK Single Charts gepackt. Et war der Band hier éischt an eenzeg Nummer 1!

 

D’ Geri Halliwell huet haut virun 15 Joer annoncéiert d‘ Spice Girls ze verloossen. Offiziell huet et geheescht: „Et ginn Differenzen tëscht eis. Ech si mer sécher dass d‘ Band weider mëscht an och Succès wäert hunn, ech wënschen hinnen nëmmen dat Bescht“!

 

5 Joer sinn et hier dassen Death Cab For Cutie mat hirem 6. Album „Narrow Stairs“ d‘ US-Charts gestiermt hunn!

 

Den MC Darryl “D” McDaniels vu Run-DMC kritt haut 49 Joer!

 

Happy Birthday!