The Doors, Shaggy, Kelly Jones

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

03.06.2013, 07:33:00

“Light My Fire” vun The Doors gouf haut virun 46 Joer an den USA released. D’ Single huet et 2 Méint méi spéit op Platz 1 gepackt!

 

De Bryan Adams huet et haut virun 18 Joer mat « Have You Ever Really Loved a Woman » op Platz 1 vun den US-Single Charts gepackt ! D’ Lidd gouf vir de Soundcrack zum Film “Don Juan De Marco” genotzt!

 

Haut virun 12 Joer huet de Shaggy et mat “Angel” op Platz 1 vun den UK Single Charts gepackt. 4 Wochen konnt hien sech un der Spëtzt halen!

 

De Kelly Jones, Sänger a Gittarist vun den Stereophonics kritt haut 39 Joer! Happy Birthday!