
Genee haut virun 30 Joer huet d’ Band “The Police” et mat “Every Breath You Take” un d’ Spëtzt vun den UK Single Charts gepackt! D’ Lidd klengt vläit romantesch, dat ass et awer absolut net, wann een den Text lauschtert da wees ee wisou. De Sting war richteg erféiert wéi e Fan him eng Kéier gezielt huet dass e sech dat als Hochzaitslidd erausgesicht hätt...ëmmerhin geet et em Stalking, Iwwerwaachung, Kontroll an eng Persoun di komplett vun enger bestëmmtener Persoun besiess ass!
„Born in the USA“, dem Bruce Springsteen säin Erfollegsalbum ass haut virun 29 Joer erauskomm. Keen aneren Album vum Springsteen hat jee souvill Succès wéi deen. 1985 war et de meescht verkaaften Album an den USA!
Haut viru 19 Joer hunn Wet Wet Wet et mat “Love Is All Around” op Platz 1 vun den UK Single Charts gepackt. D‘ Lidd konnt sech ganzer 15 Wochen op Platz Nummer 1 halen. Dëse Succès hu si wuel awer och virun allem dem Film „4 Hochzeiten und ein Todesfall“ ze verdanken an dem den Hugh Grant di männlech Haaptroll gespillt huet. „Love is all around“ ass d‘ Titelmusek vum Film!
D‘ Sandie Thom stoung haut virun 7 Joer mat „I wish I was a punk rocker“ op Platz 1 vun den UK Single Charts!