
Haut virun 20 Joer huet d’ Mariah Carey den Sony Music-President, Tommy Mottola zu Manhatten bestued. Ënnert den Hochzaitsgäscht waren och vill aner Museker wéi z.B. d‘ Barbara Streisand, de Billy Joel, de Bruce Springsteen an esouguer den Ozzy Osbourne! D‘ Mariah huet sech iwwregens schonn 4 Joer méi spéit vum Mottola getrennt!
Oasis stoungen haut virun 8 Joer mat “Don’t Believe The Truth” op Platz 1 vun den UK Album Charts!
De Marky Mark, fréier Calvin Klein Model a Rapper, elo unerkannte Schauspiller ënnert sengem Numm Mark Wahlberg, kritt haut 42 Joer!
An de Pete Wentz, de Bassist vu Fall Out Boy dierf haut 34 Käerzen ausblosen!
Mir gratuléieren!