Kim Wilde, Whitney Houston, Brandy & Monica

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

06.06.2013, 07:58:00

Haut viru 26 Joer stoung d’ Kim Wilde mat “You Keep Me Hanging On” op Platz 1 vun den US-Charts. Original ass d’ Lidd aus dem Joer 1966 vun The Supremes!

 

D’ Whitney Houston stung um selwechten Dag, also haut virun 26 Joer mat “ I Wanna Dance with Somebody” op Platz 1 vun den UK Single Charts. D’ Lidd hat et an 12 Länner un d’ Spëtzt vun den Charts gepackt. Ausserdeem krut d‘ Sängerin e Grammy vir dëse Mega-Hit!

 

Di iresch Girlband B*Witched hat haut virun 15 Joer hier 1. Nummer 1 an den UK Single Charts! Et war hier Debutsingle an domat ware si di 7. Band di et mat hirem 1. Lidd op Platz 1 vun den Charts gepackt hat.

 

Um selwechten Dag huet den Duo Brandy & Monica d’ US-Single Charts gestiermt. Hier Single „The Boy Is Mine“ konnt sech ganzer 11 Wochen un der Spëtzt halen!