Aaliyah, Pink Floyd, Stereo MC's

Haut virun X Joeren an der Museksgeschicht

11.06.2013, 07:15:00

Am Kader vum Nelson Mandela sengem 70. Gebuertsdag gouf et haut virun 25 Joer en Mega-Tribute-Concert am Wembley Stadium zu London. Msat dobäi waren ënnert anerem d‘ Whitney Houston, de Stevie Wonder, de Phil Collins, d‘ Tracy Chapman, den Eric Clapton, d‘ Dire Straits, Simple Minds an den George Michael vir just e puer Nimm ze nennen. De Concert gouf an 40 Länner iwwerdroen. Iwwert 1 Milliard Leit hunn de Concert iwwert hire Fernseher mat verfollegt!

 

D‘ Sängerin a Schauspillerin Aaliyah hat haut virun 13 Joer mat „Try Again“ seng 1. Platz Nummer 1 an den Charts.

 

Den Pink Floyd-Album „The Dark Side of the Moon“ ass haut virun 2 Joer nach emol zréck an d’ US-Billboardcharts erageklomme! Quasi vu 0 op Platz 47! Et muss ee bedenken, den Album ass 1973 erauskomm. Domat hu Pink Floyd et fäerdeg bruecht am ganzen 1000 Wochen mat engem Album an den Billboardcharts mat dobäi ze sinn!

 

An de Robert Birch, de Sänger vun den Stereo MC’s kritt haut 52 Joer, Happy Birthday!